Den Alldag vun den tibetesche Flüchtlingskanner an Nordindien

Volontariat am TCV

4 Méint laang kal duschen, all Dag e Koup Räis a Lënsen iessen, meng Kleeder op der Hand wäschen, mat Hänn a Féiss engem Kand d’Multiplikatioun erklären – dat war mäin Alldag während mengem Volontariat an enger tibetescher Schoul an Nordindien.

Wat huet mech dozou beweegt? Virwëtzeg op aner Kulturen war ech schonn ëmmer, a virum Reesen hat ech nie Angscht. Méi präzis: wéi ech mat 17 Joër fir 2 Wochen en TCV – Tibetan Children’s Village  - besiche war, hunn ech mer versprach, enges Dag eppes méi Bedeitendes bäizedroen géint déi Ongerechtegkeeten, déi dat tibetescht Vollék ënner der chinesescher Besetzung muss erleiden. Dës jugendlech Empörung an de staarke Wonsch, ze ‘hëllefen’, hunn sech a 4 Joër mat enger gudder Portioun Pragmatismus an d’Motivatioun entwéckelt, en Service volontariat de coopération ze maachen. ‘Hëllefen’ hunn ech duerch ‘austauschen’ a ‘géigensäitegt Léieren’ ersat, a während mengem Volontariat konnt ech och meng Meenung iwwer déi ganz tibetesch Situatioun vill verdéiwen an nuancéieren.

Ech sinn also, mat engem Psycho’s-Bachelor an der Täsch, fir 4 Méint an d’Bierger an Nordindien geflunn, fir an de Centre d’Éducation spécialisée vun enger tibetescher Flüchtlingsschoul schaffen ze goën. Déi 3 Proffen an 1 ‘Home mother’ ware ganz frou, e bëssen Aushëllef mat hieren 17 Schüler ze kréien, wat eis erlabt huet, bësse méi individuell mat verschidde Jonker ze schaffen. Ech hunn haaptsächlech Appui an Englesch a Mathé ginn, a während den prakteschen Atelier’en mech méi intensiv mat deenen 3 jéngsten Kanner beschäftegt. Samsdes Moies hunn ech mäin elementärt Wëssen an Material aus menge Coursen zesumme gekrazt fir psychologesch Tester ze maachen an individuell Bilan’en ze schreiwen. Doniewt hunn ech nach bësse franséisch Course ginn, a konnt mech vill mat den 3 Proffen aus dem Spécialisé austauschen.

Wat mer am beschte gefall huet, war d’Vertrauen, dat ech direkt krut: och wann ech nach bal keng praktesch Erfahrung hat, nach net fäerdeg ausgebild sinn, a nëmmen e puer Wierder tibetesch kann – si hu mech direkt aleng mat de Kanner schaffe gelooss a mer Responsabilitéit iwwerlooss, eppes wat am vill méi gereegelten Europa rar a komplizéiert ass. Doduerch hunn ech enorm vill geléiert – wäit méi wéi meng Schüler! Virun allem Gedold, Flexibilitéit a Spontanitéit; an doniewt vill iwwer d’tibetesch Kultur an den Buddhismus.

Eng aner wichteg Erfahrung ass, dass d’Menschen all d’selwecht sinn, egal wéi verschidden eis Kulturen sinn. Gebräicher a Gewunnechten änneren, mee et gëtt iwwerall méi oder manner éierlech, engagéiert, respektvoll Leit, trotz all den Stereotypen, déi mer alleguer iwwer déi verschidde Kulturen hunn.

Ënnert anerem dowéinst kann ech nëmmen recommandéieren, sech mat aner Kulturen auserneen ze setzen, an dobäi en Effort ze maachen, d’Leit wierklech kennen ze léieren. Ech hu méi geléiert duerch d’Gespréicher an de Pausen mat den aner Proffen, wéi wann ech eng Stat no der anerer kucke gaange wier. An dofir brauch een Zäit – 4 Méint ware wierklech kuerz.

Wann der méi wëllt liesen iwwer meng Erfahrungen a meng Reflexiounen am TCV, kënnt der gären op mengem Blog rondrëm stöberen: lindasvc.wordpress.com J