Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

D’Associatioun “Maison de l’Enfance” setzt zwee Projeten ëm:
1. D’Maison de l’Enfance zu Bouaké
2. De Formatiounszenter fir jonk Meedercher zu Kaloukro

Déi Fräiwëlleg ginn haaptsächlech vun der Ekipp vun der AME an der Maison de l’Enfance zu Bouaké (MEB) empfaangen. D’Wunneng ass e komplett equipéiert Haus, dat zu Fouss 10 Minutte vun der MEB ewech ass.

Déi Fräiwëlleg ginn an d’Lokalekipp vun der MEB integréiert a participéieren un all den alldeeglechen Aufgaben, déi zur gudder Duerchféierung vum Projet bäidroen: Organisatioun vu spillereschen Aktivitéite fir d’Kanner wéi Konschtprojeten, sportlech Aktivitéiten, Iessensvirbereedung, Nohëllef bei den Hausaufgaben, Hausaarbechten, asw.

Gesichten Profil

All Persoun, déi op d’mannst 23 Joer al ass, kann sech mellen. Eng Erfarung am Beräich vun der Gesondheet, dem Schutz vun de Kannerrechter, der internationaler Solidaritéit oder dem Projetsmanagement ass e Virdeel.

Kooperatioun an der Entwécklung

Kontakt

Fondation Follereau Luxembourg

sensibiIisation@ffl.Iu 44 66 061

Partager cette mission