Ech ?! Fräiwëlleg ?! 20.02.26 LU Versioun
Du interesséiers dech fir e Fräiwëllegendéngscht, egal ob's du dir scho sécher bass, datt's du ee wëlls maachen, oder ob's du nach besser verstoe wëlls, wat dat genee bedeit.
Da mell dech bei der Formatioun “Ech?! Fräiwëlleg?!” un.
An dëser Formatioun reflektéiers du deng Motivatiounen, deng Erwaardungen an deng Ziler. Mat prakteschen Aktivitéite fënns du eraus, ob's du e Fräiwëllegendéngscht net mat engem Stage oder enger Aarbecht verwiessels an du kriss Tipps, wéi's du mat eventuelle Suergen oder Ängschten ëmgoe kanns.
Du kriss en éischte Bléck an d’Welt vun de Fräiwëllegendéngschter, trëffs aner Jonker an enger änlecher Situatioun a kanns mat hinne kucken, wéi dir wëllt fir d’Gesellschaft nëtzlech sinn.
D’Programmer ginn net am Detail erkläert. Et geet virun allem drëm, dass du erausfënns, ob e Fräiwëllegendéngscht bei dech passt.
-
- Orientation
- 1 jour
-
SNJ Chalet Larochette
53 Rue Osterbour,
L-7622 Larochette - LU