D’Escher Jugendhaus bitt Jonker eng frëndlech an oppe Plaz, fir sech ze treffen, ze chillen, kreativ a sportlech Aktivitéiten ze maachen an sech auszetauschen. Eng engagéiert Equipe ënnerstëtzt si bei Iddien a Projeten. Hei zielt Respekt, Diversitéit a Spaass, an et gëtt vill Méiglechkeeten fir sech perséinlech ze entfalten.
Wärend dengem SVN bass du Deel vun eiser Equipe a schaffs aktiv am Alldag mat, inklusiv Teamversammlungen. Deng Haaptkontaktpersoun ass de Chris. Et ka sinn, dass du mat engem anere jonke Volontaire zesummeschaffs.
Aufgabe vun der Missioun:
Filmen a fotograféiere vun Aktivitéiten, Video schneiden, Posts erstellen, Canva benotzen, mat de Jonken aus dem Jugendhaus e Lien opbauen a Social-Media-Trends nostellen, zesumme mam Team kreativ Inhalter produzéieren. Am Groußen a Ganzen, d’Escher Jugendhaus no bausse presentéieren.
(Natierlech iwwert eis Social Media Plattformen)
Adresse de la mission: 65, rue Zénon Bernard L-4031 Esch-sur-Alzette
Gesichten Profil
Mir sichen eng kreativ, motivéiert Persoun mat lnteresse u Foto, Video a Social Media, mat Canva/CapCut Kenntnisser oder Bereetschaft dat ze léieren.
CRIJE asbl
10, rue du Commerce L-4067 Esch-sur-Alzette