Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Service volontaire

Mat engem Fräiwëllegendéngscht kënne jonk Leit sech fir ee konkrete Projet vun allgemengem Interessi engagéieren. Et ass eng Méiglechkeet, duerch praktesch Erfarungen ze léieren an sech z’orientéieren, bei där een sech fir e bestëmmten Zäitraum vollzäit engagéiert.

Localisation des programmes

Bei verschiddene Programmer lafen d’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg, bei aneren an engem aneren europäesche Land oder esouguer iwwert Europa eraus.

Service volontaire national

An engem Service volontaire national (SVN) kanns du eng interessant an ofwiesslungsräich Erfarung duerch ee fräiwëllegt Engagement bei enger Organisatioun zu Lëtzebuerg maachen an deng praktesch, sozial a perséinlech Kompetenze weiderentwéckelen.


Du kanns vun enger professioneller a perséinlecher Begleedung op der Sich no enger Aarbechtsplaz an/oder enger Ausbildung profitéieren.

Enwéckel deng Solidaritéit an deng Kompetenzen mat Aktivitéiten am allgemengen Interessi. Du kanns eng grouss Hëllef bei Aufgaben an der Mobilisatioun, der Administratioun, der Kultur oder der Organisatioun sinn, an du dréis zu engem gemeinsame solidareschen Effort am kulturellen, edukativen oder soziale Beräich, am Natur- oder Déiereschutz bäi.


Dat ass e perfekten Iwwergang an däin zukünftegt Aarbechtsliewen! Du bass tëschent 16 an 30 Joer al, du hues däi legale Wunnsëtz zu Lëtzebuerg an du wëlls zu Lëtzebuerg enger Etapp an dengem Liewe Sënn ginn, dech als engagéierte Bierger abréngen an dech selwer besser kenneléieren? Dann ass den SVN wéi fir dech gemaach!


Fir weider Informatiounen kontaktéier en Agent aus denger Géigend.


Entdeck d'Missiounen

Service volontaire européen

Mat engem Service volontaire européen (SVE) kanns du dech an Europa an doriwwer eraus engagéieren, awer och an der Groussregioun, wou vill Missiounen op dech waarden, fir deng Kompetenzen z’entdecken, däi Privat- an däin zukünftegt Beruffs- oder Studenteliewen ze beräicheren.


Méi konkret: Am Corps Européen de Solidarité (CES) kanns du Aufgaben vun allgemengem Interessi (Animatioun am soziokulturelle Beräich, Schutz vum Patrimoine, Informatioune fir jonk Leit, Hëllef fir Persounen a Schwieregkeeten, asw.) an enger Organisatioun ouni Gewënnzweck (asbl, Veräin, asw.) ausféieren. Et ass een Ëmfeld, wou s de eppes iwwert europäesch Kulture léiere kanns a wou s de e bëssen Ofstand zum Alldag kriss a konkret Projeten ënnerhuele kanns, déi een Afloss op d’Gesellschaft hunn.


Du bass tëschent 18 an 30 Joer al, du sichs e solidarescht Engagement, eleng oder an engem Grupp, op kuerz oder méi laang Dauer? Dann ass et Zäit, fir iwwert e Service volontaire européen nozedenken.


Fir weider Informatiounen kontaktéier d’Elena – Elena.koroglanoglou@snj.lu ou +352 621 394 907


 


Entdeck d'Missiounen

Service volontaire de coopération

An engem Service volontaire de coopération (SVC) kanns du dech an engem Land ausserhalb vun Europa an engem Entwécklungsprojet engagéieren an an eng aner Welt andauchen.


Du kanns do fir d’Liewe léieren. Eng aner Realitéit wéi deng eegen, aner gesellschaftlech Wourechten, iwwerwältegend mënschlech Erfarungen… et ass d’Geleeënheet d’Welt an dech selwer mat aneren Aen ze gesinn, z’entdecken, wéis du dech selwer adaptéieren an integréiere kanns fir e Projet ëmzesetzen. Et ass de beschte Wee, fir vun aneren ze léieren, fir Ënnerscheeder wouerzehuelen a säin eegent Weltbild weiderzeëntwéckelen an zu enger méi gerechter Welt bäizedroen.


Du bass tëschent 18 an 30 Joer al, op der Sich no Ofwiesslung an tëschent 6 Méint an engem Joer disponibel? En SVC bréngt dir Äntwerten an hëlleft dir deng Plaz an dëser Welt ze fannen.


Fir weider Informatiounen kontaktéier den Griska – Griska.lutgen@snj.lu ou +352 247-86494


Entdeck d'Missiounen