Agenda/Formations

ESPACE FIR ORGANISATIOUNE VUM SERVICE VOLONTAIRE


Als Organisatioun vun engem Service volontaire sidd dir e wichtege Partner vun engem jonke Mënsch bei der Realisatioun vu senger Missioun. Dir encadréiert hie bei der konkreter Ëmsetzung vu senger Missioun an bitt him eng eemoleg Léier- an Orientéierungschance. Als Konterpartie stellt de jonke Mënsch iech seng Zäit a seng Energie zur Verfügung, fir ee Projet vun allgemengem ëffentlechen Interessi ze realiséieren.

All ëffentlech oder privat Organisatioun, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, kann eng Organisatioun vum Service volontaire ginn a Volontairen zu Lëtzebuerg ophuelen oder an d’Ausland schécken.

Dir sidd interesséiert?
Froot een Agrément als Organisatioun vum Service volontaire.

Är Organisatioun ass schonn agreéiert?
Erneiert ären Agrément an/oder fannt all Dokumenter an Informatiounen iwwer déi verschidde Services volontaires hei drënner.

Dans un pays en
voie de développement:

Service volontaire national

Bitt engem jonke Mënsch, deen zu Lëtzebuerg lieft, eng ofwiesslungsräich a beräicherend Erfarung, andeems dir hien an ärer Organisatioun zu Lëtzebuerg ophuelt. Dat ass fir hien déi ideal Geleeënheet, fir seng praktesch, sozial a perséinlech Kompetenzen z’entwéckelen.

Fir weider Informatiounen: barbara.daniel@snj.lu / +352 247-86482

Service volontaire européen

Bitt engem jonke Mënsch en Ëmfeld, wou hien europäesch Kulture kenneléieren kann, fir datt hien Distanz zum Alldag kritt a konkret Aktiounen ënnerhuele kann, déi e wierkleche gesellschaftlechen Impakt hunn. Dir kënnt entweder ee Volontaire aus engem aneren europäesche Land ophuelen, oder e jonken Awunner aus eisem Land bei eng Partnerorganisatioun an engem aneren europäesche Land schécken.

Fir weider Informatiounen: marie.hetto@snj.lu / +352 247-86497

Service volontaire de coopération

Dir wëllt e jonken Awunner vu Lëtzebuerg bei eng Partnerorganisatioun an engem Entwécklungsland schécken. Fir de Volontaire ass dat eng eemoleg Geleeënheet, seng Aen fir d’Welt opzemaachen, sech z’adaptéieren an z’integréieren, fir ee solidaresche Projet wäit ewech vun doheem ëmzesetzen.

Fir weider Informatiounen: raymonde.muller@snj.lu / +352 247-86494