Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

SVC Predeparture Training 25.,26.,27.,28. & 29.01.27

De Predeparture-Training ass obligatoresch a riicht sech u Jonker tëscht 18 a 30 Joer, déi schonn e konkrete Projet am Kader vun engem Service volontaire de coopération (SVC) hunn. En ass och op fir Persounen am selwechten Alter, déi schonn eng "Ech?! Fräiwëlleg?!" an en Orientéierungsgespréich ofgeschloss hunn, souwéi fir déi, déi an der Kooperatioun täteg sinn a sech virun engem Asaz am Ausland preparéiere wëllen.

 

Déi zukünfteg Volontairen sollen sou gutt wéi méiglech op d'Bedingungen an hirem Zilland virbereet ginn, andeems follgend Theme behandelt ginn:

1. Kulturell Sensibiliséierung: Sensibiliséierung fir d'Diversitéit vu Kulturen an Traditiounen an den Zillänner, kulturellen Austausch, Reflexioun iwwer déi eege Kultur an den Ëmgang mat kulturellen Ënnerscheeder.
2. Sécherheet a Gesondheet: Präventiv Mesuren am Beräich Gesondheet a Sécherheet, Verhalen a Risikosituatiounen an Ëmgang mat psychologeschem Stress.
3. Spezifesch Virbereedung op de perséinleche Projet: Reflexioun iwwer d'Ziler an d'Aufgabe vum eegene Projet, méiglech Erausfuerderungen an déi nächst Schrëtt virum Depart.
4. Perséinlech Entwécklung: Reflexioun iwwer déi eege Motivatioun an Erwaardungen, Unerkennung a Wäertschätzung vun eegenen Erfarungen an Integratioun vum Service volontaire an de perséinleche Liewenslaf.
5. Partnerschaft, ECM a Kooperatioun an der Entwécklung: Aféierung an d'international Kooperatioun, d'Ziler fir nohalteg Entwécklung (SDGs) an d'Education à la Citoyenneté Mondiale (ECM), souwéi Reflexioun iwwer global Zesummenhäng, Ongläichheeten, d'Erausfuerderunge vun der Entwécklungskooperatioun an d'Roll vun den ONGD.
6. Rechtleche Kader vum Service volontaire: Kenntnisser iwwer de legale Kader vum SVC, Erklärung vun de wichtegsten Dokumenter, souwéi vun de Rechter a Responsabilitéite vun de verschiddenen Acteuren.

Virdeeler vum Predeparture-Training: D’Formatioun bitt eng wichteg Virbereedung, hëlleft Risiken ze reduzéieren, fërdert den Austausch tëscht de Volontairen a soll e realistescht Bild vun de Bedéngungen an Erausfuerderunge vun engem Service volontaire am Ausland vermëttelen.

All dës Punkte ginn op interaktiv Manéier an engem non-formale Kader behandelt.

Umeldungsdelai 10.01.2027
  • Preparatioun
  • 5 Deeg
  • Centre de jeunesse Marienthal
    Rue de Keispelt
    L-7411 Marienthal Helperknapp