De CID ass Treffpunkt an Zentrum fir Feminismus an Genderfroen zu Lëtzebuerg. Mat senger Bibliothéik, senge Projeten a senger Kommunikatiouns- a Bildungsaarbecht setzt de CID sech fir d’Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter an.
Als Volontar*in am CID ënnerstëtz du déi alldeeglech, ganz villfälteg Aarbecht vun der Kommunikatiouns- a Projetsaarbecht.
Fir 2026 siche mir eng kreativ a virwëlzeg Persoun, déi Loscht op Recherche an Archivaarbecht huet fir an d’Geschicht vum Feminismus zu Lëtzebuerg a vum CID | Fraen an Gender anzetauchen, fir d’Preparatioun vun engem Stickeralbum am Kader vum 35-järege Jubiläum vum CID, 2027.
Profil recherché
Kreativ a strukturéiert Persoun, déi gutt autonom, awer och am Team schaffe kann, déi sech fir Feminismus a Lëtzebuerger Geschicht interesséiert.
CID | Fraen an Gender
14 Rue Beck, 1222 Ville-Haute LuxembourgContact
Isabelle Schmoetten
ischmoetten@cid-fg.lu 24 10 95