Volontaire vir Social Media / Kanner- & Jugendprogrammer am Europa Musée
- à convenir individuellement
D‘Centre Européen Schengen asbl gouf gegrënnt fir den Tourismus an der Regioun ronderëm Schengen an d’oppe Grenzen an Europa ze promouvéieren. Si geréiert den Europamusée, den Europe Direct Informatiounszenter, an d’Tourist-Info. D‘Associatioun offréiert Visite Guidéeën mam Thema Schenger Ofkommes, a pedagogesche Kanner- a Jugendprogrammer.
- Gestioun vun eisem Social Media a Content fir Jonker produzéieren
- Bei der Animatioun vu Kanner- a Jugendprogrammer hëllefen (Bastelatelier, Programmer iwwert EU an d’Schengener Ofkommes).
- Accueil vu Visiteuren am Musée oder an der Tourist-Info
Profil recherché
– mindestens 18 Joer
– 3 vu 4 Sprooche sinn erwënscht (LU, DE, FR, EN)
– Keng Angscht hu mat Leit ze schwätzen
– Gutt Allgemengbildung / Interessi un der Aktualitéit
Centre Européen Schengen asbl
Rue Robert Goebbels, 5444 SchengenContact
Martina Kneip
martina.kneip@visitschengen.lu 26 66 58 10