Jugendhaus Rëmeleng asbl
By Samantha
| Eist Jugendhaus besteet säit iwwer 20 Joer, mir däerfen eist Haus zu deenen eelsten aus dem Land zielen. Fir déi nächst Joren ass eist Haaptzil „Nowuess » an d’Jugendhaus ze kréien. Mir haten elo ganz laang eng Generatioun heibannen, déi natierlech elo sou lues „flügge » gëtt, a virun e puer Méint war et zimmlech roueg am Haus ginn. Lo gelt et nei Jonker fir d’Haus ze gewannen a déi un d’Jugendhaus ze bannen, sou dass si hiert Jugendhaus kenne kreéieren. |