Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Jugendhaus Rëmeleng asbl

Eist Jugendhaus besteet säit iwwer 20 Joer, mir däerfen eist Haus zu deenen eelsten aus dem Land zielen. Fir déi nächst Joren ass eist Haaptzil „Nowuess” an d’Jugendhaus ze kréien. Mir haten elo ganz laang eng Generatioun heibannen, déi natierlech elo sou lues „flügge” gëtt, a virun e puer Méint war et zimmlech roueg am Haus ginn. Lo gelt et nei Jonker fir d’Haus ze gewannen a déi un d’Jugendhaus ze bannen, sou dass si hiert Jugendhaus kenne kreéieren.