Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Et ass ganz einfach fir vun de gesetzlechen Avantagë vum Service volontaire ze profitéieren! Du muss dës Konditiounen erfëllen:

  • Du bass net méi schoulflichteg.
  • Du bass manner wéi 30 Joer al, wann däi Service volontaire ufänkt.
  • Du schwätz op mannst eng vun den 3 offizielle Sproochen am Land: Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch.
  • Däi legale Wunnsëtz ass zu Lëtzebuerg.
  • Du bass als Fräiwëllege beim Service national de la Jeunesse (SNJ) enregistréiert.

Opgepasst: D’Alterskonditioune kënne vu Programm zu Programm variéieren. Informéier dech op de jeeweilege Säiten.

An eisem guide du futur volontaire fënns du méi detailléiert Informatiounen iwwert däin zukünftege Fräiwëllegendéngscht.

Kontaktéier eis oder komm op eng vun eisen Informatiounsversammlungen: Agenda/Formatiounen