ONGD-FNEL scouts & guides pour le développement communautaire a.s.b.l
- 6 bis 12 Méint
Beschreiwung
D’ONGD-FNEL ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck, déi 1989 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf. Entstanen aus der Scoutsbeweegung zu Lëtzebuerg (d’Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg-FNEL), ënnerstëtzt si vill Projeten, déi sech fir d’Entwécklung vun der Educatioun am Nepal asetzen.
D’ONGD-FNEL vertrëtt Wäerter wéi Solidaritéit, Kooperatioun, Engagement a Verantwortung, andeems si op staark lokal Partnerschaften opbaut, déi de gudde Verlaf an d’Resultater vun den Aktivitéite garantéieren.
D’Associatioun schafft enk mat lokalen nepaleeseschen Associatiounen zesummen, fir d’Effizienz an d’Nohaltegkeet vun hiren Aktiounen ze garantéieren. Mir viséieren déi vulnerabelst Leit am Nepal, andeems mir hinnen Zougang zu Educatioun an Ausbildung ginn a se gläichzäiteg iwwer hir Rechter sensibiliséieren.
Zu Lëtzebuerg huet sech d’ONGD-FNEL d’Missioun ginn, Aktiounen z’ënnerhuelen, déi d’Jugend an d’Ëffentlechkeet iwwer d’Erausfuerderunge vun der Entwécklung an d’Realitéite vun engem Land wéi Nepal sensibiliséieren. Dëst geschitt duerch eis Projeten an Aktiounen an der Entwécklungsbildung, souwéi duerch d’Offer vu Benevolat a Volontariat.
ONGD-FNEL scouts & guides pour le développement communautaire a.s.b.l
61a, rue de Trèves L-2630 LuxembourgKontakt
Cécile GODFROY
cecile@ongd-fnel.lu 26 48 04 41Griska Lutgen
griska.lutgen@snj.lu 247-86494621 359 353