Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Retour aux articles

Témoignage de jeunes volontaires: Lea et Swantje

“Moien, mir sinn d’Lea an d‘Swantje a mir hu vun der SNJ aus fir 4 méint e volontériat an Aruba gemaach. Zesummen hu mer um Projet mat den Iesele vum Donkey Sanctuary Aruba deel geholl. Tâchen di eis do erwaart hu ware prinzipiell d’fidderen a versuerge vun den Ieselen an d’botze vum visitor Center.

Den Dag huet um 9h mam Fidderen ugefaang an ass iwwergaang an d’poop scooping an huet um 16h opgehal.

Dëst ass eng immens wichteg Aufgab fir de Sanctuary propper ze halen an de Visiteure wei och den Ieselen en angeneemen Espace ze bidden. Mat ongefeier 130 Ieselen ass een esou zimmlech de ganzen Dag beschäftegt. Et kennt emol fir dass puer ausbriechen oder eng Verletzung hunn di behandelt muss ginn, an dësem Fall dierf ee selwer mat upaken a kritt och bëssen d’responsabilitéit fir wonnen ze versuergen an och den iwwerbléck iwwert medikamentéis Behandlungen ze halen. Mir dierfte bei Ultraschallen a Röntgen vum Veterinär dobäistinn an haten dat grousst gléck bei zwou gebuerten dobäi ze sinn (Nebula an de Kronos). Ze versuerge sinn allerdéngs net just Ieselen mee och 5 Katzen (Shrimp, Skittles, Smarties, Sunshi, Socks). Heiansdo kritt de Sanctuary och puer Bëbee katzen dëst ginn dann do versuergt bis se adoptéiert ginn. Ech selwer hu mer eng kleng Katz vun do matgeholl, de Piccolo.

Mir haten di beschten Erfarung mat den anere Volontairen, dëst si meeschtens lokal leit, oder och aner Volontairen aus der ganzer Welt di mat eis an den Appartementer um Donkey Sanctuary wunnen. Et sinn insgesamt 4 platzen an den Appartementer an eng wonnerschéi vue vun der outdoor Kichen.

Vun de lokale Leit krute mir di beschten tipps an tricks fir op der Insel anzekafen oder och Insider fir di scheinsten beaches. Eis Cheffin Desiree huet eis och immens gehollef wann et iergendeng Zort vu Problemer gouf a war eis eicht Bezuchspersoun.

Et war allgemeng eng wonnerbar Zäit an der mer vill interessant Leit kenneléieren dierften a mir kommen definitiv rëm zréck fir den Ieselen moien ze soen!”

 

Témoignage

Wednesday 9 July 2025

Partager