Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Jugendhaus Rëmeleng

Beräich(er): Aarbecht am sozialen oder edukative Beräich
Programm: Service volontaire national

Organisation d’accueil:

Jugendhaus Rëmeleng asbl

Jugendhaus Rëmeleng asbl

Missioun:

Adress / Land:
Jugendhaus Rëmeleng
7, rue des Artisans
L-3712 Rëmeleng

Dauer: Individuell ofklären
Ufank: Individuell ofklären Individuell ofklären
Schluss: à convenir
Typ vun der Missioun: Individuell

Beschreiwung vun der Missioun:

Eist Jugendhaus besteet säit iwwer 20 Joer, mir däerfen eist Haus zu deenen eelsten aus dem Land zielen.

Fir déi nächst Joeren ass eist Haaptziil „Nowues“ an d’Jugendhaus ze kreien. Mir haten elo ganz laang eng Generatioun heibannen, déi natierlech elo sou lues „pflügge“ gëtt, a firun e puer Méint war et zimlech roueg am Haus ginn. Lo gëllt et nei Jonker fir d’Haus ze gewannen a déi un d’Jugendhaus ze bannen, sou dass si hiert Jugendhaus kenne kreeéieren.

Reegelméisseg Aktivitéiten, déi quasi all Woch stattfannen sinn zum Beispill Fussball, Fitness a Kachen (+ zesummen iessen). Doriwwer eraus bidde mir all Joers eng Skikolonie an eng kleng Vakanz un ( zb Citytrip, Center Parcs, ...) an mir maachen och Aktivitéiten wéi Bowling, Kino, méi kreativ Saachen a probéieren eis am Fräiwëllegen Dëngscht ze engagéieren. Mir huelen z.B. un all de Festivitéiten deel, déi eis Gemeng organiséiert a probéieren esou present no baussen ze sinn an Ëffentlechkeetsaarbecht ze maachen. Dat ass immens wichteg, ënnert anerem esou areeche mir eis d'Zil vun enger neier Populatioun am Jugendhaus.

Aufgaben vum Volontaire:

Un der Rencontre vum Jugendhaus deelhuelen:

  • Bar maan/opfëllen/zielen
  • Mat Jonker a Kontakt trieden
  • Un Aktivitäten deelhuelen
  • Aktivitäten organiséieren
  • Ideën hunn a kreatif sinn, fir déi nei Generatioun ze bannen
  • Alles wat zum Lierwen am Jugendhaus passt

 

Gesichte Profil:

  • Alter: ab 20 Joer
  • räif sinn an Responsabilitéit iwwerhuelen kënen
  • Führerschein!
  • Erfahrung am soziale Beräich (keng Mussesaach)
  • Lëtzbuergesch ass wichteg, all aaner Sproch ass e Plus

Äre Kontakt:

Kim Weidert
jugendhaus.remeleng@youth.lu
26560082