Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Beschreiwung

D'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck, déi 1988 gegrënnt gouf. Si ass aus dem Mouvement vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ervirgaangen a setzt sech fir d'Ënnerstëtzung vu Projeten am Beräich vun der Erzéiung an der Beruffsausbildung an. Dës Projete ginn a Kollaboratioun mat lokale Partner am Senegal, Niger, Cap Vert an a Bolivie realiséiert.

D'ONGD ass vum Ausseministere (MAEE) agreéiert, an hir Projete ginn duerch en accord-cadre de coopération matfinanzéiert, dat heescht e Programm iwwer e puer Joer, den mat de Partner am Süden an dem MAEE verhandelt gouf.

D'ONGD realiséiert och järlech Projeten zur Bildung fir Entwécklung zu Lëtzebuerg, matfinanzéiert vum MAEE, mat dem Zil, Jonker, déi gréisstendeels aus dem Scoutsmouvement an de Lycéeë kommen, fir Themen am Beräich Entwécklung an Nord-Süd Bezéiungen ze sensibiliséieren, fir hinnen ze hëllefen, verantwortungsvoll a weltbewosst Bierger ze ginn.

D'Missioun vun der ONGD ass, zur Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Kanner a jonke Leit am Süden an am Norde bäizedroen an hir biergerlech Participatioun ze fërderen duerch d'Ënnerstëtzung vun enger formeller an non-formeller Bildung an enger qualitativ héichwäerteger Bildung fir Entwécklung, baséiert op der Methode vum internationale Guidissem a Scoutissem.

ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt

5, rue Munchen-Tesch L-2173 Luxembourg
Kooperatioun an der Entwécklung, Sozial a pädagogesch Aarbecht

Partager cette mission

Missiounen

Bäitrag am CREPE (Centre de Ressources Éducationnelles de Promotion des Enfants) am Senegal.

De CREPE empfänkt Kanner, déi aus Grënn wéi Aarmut, mangelnd Bildung vun den Elteren, Feelen vu Pabeieren oder wéinst enger Behënnerung net an d’Schoul ginn. Zousätzlech ënnerstëtzt de CREPE Koranschoulen op zwou Niveauen: engersäits am Beräich vun der Alphabetiséierung an dem Léiere vu Mathematik, anerersäits bei der Sensibiliséierung vun de Koran-Schoulmeeschteren op d’Wichtegkeet vum Respekt vun de Rechter vun de Kanner.

An enger éischter Phase wäert de Volontaire sech an d’Struktur an d’Ekipp integréieren an sech Zäit huelen, fir ze verstoen, wéi de Centre funktionéiert a wéi d’Gemeinschaft organiséiert ass. No zwou Wochen Akklimatiséiere wäert  de Volontaire mat senge konkreten Aktivitéiten ufänken.

De Volontaire sollt sech op follgend Interventiounsberäicher fokusséieren:

  • Participéieren un der Animatioun vu sozio-edukativen Aktivitéite fir Kanner mat spezifesche Besoinen;
  • Bedeelegung um Ënnerhalt vum Gaart vum CREPE;
  • D’Moniteure bei de Gemeinschaftsaktivitéiten  begleeden;
  • E Mentorprogramm an der Mathematik fir d’Kanner proposéieren;
  • Un der Animatioun vun der Sportsunitéit vum CREPE deelhuelen.