Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Betreiung an Encadrement sinn assuréiert!
Eng gutt Virbereedung an eng individuell Begleedung garantéieren en erfollegräichen Asaz. Du kanns virun, wärend an och nach no dengem Service volontaire vun enger ganzer Rei Formatiounen an Ënnerstëtzunge profitéieren. . E puer Formatioune sinn obligatoresch, anerer net mee op alle Fall sinn se alleguerte gratis.

Hei fënns du d’Attestation de l’engagement, déis du um Enn vun dengem Service volontaire zesumme mat denger Organisatioun ausfëlle kanns.

Service volontaire européen (SVE) - Service volontaire de coopération (SVC)

Obligatoresch Formatiounen virum Asaz:

1. D’Formatioun „Ech ?!-Fräiwëlleg ?!“ hëlleft dir, de Kontext, d’Erausfuerderungen an d’Méiglechkeeten vun engem Service volontaire am Ausland besser ze verstoen. Du kanns zu all Moment vum Joer dorunner deelhuelen, onofhängeg dovun, ob s du dech scho fir ee bestëmmte Programm oder eng bestëmmte Missioun decidéiert hues oder nach net. Déi Formatioun dauert een Dag.

2. D’Formatioun virum Depart hëlleft dir, deng Erwaardungen a Bedenken als zukünftege Volontaire ze formuléieren. Du kriss d’Geleeënheet, dech mat anere Jonken auszetauschen, déi déi selwecht Experienz wëllen erliewen.

D’Virbereedung op deng Missioun gëtt vun der Organisation d’envoi (déi Organisatioun, déi dech an d’Ausland schéckt) gemaach. Si bleift och déi ganzen Zäit iwwer mat dir a Kontakt. D’Organisation d’accueil (déi Organisatioun, déi dech am Ausland ophëlt) begleet dech op der Plaz.

Wann s du zréck kënns, invitéieren d‘Organisation d’envoi an den SNJ dech, fir zesummen mat anere Volontairen iwwert deng Erfahrung ze schwätzen.

An der Rubrik „Agenda“ kanns du dech fir d’Formatiounen „Ech ?!-Fräiwëlleg ?!“, „Virum Depart“ an „Back Home” aschreiwen.

Service volontaire national

D’lokal Antennen vum SNJ si fir d’Duerchféiere vum Service volontaire national (SVN) zoustänneg. Wann s du un enger Missioun zu Lëtzebuerg interesséiert bass, da proposéieren d’Mataarbechter dir e perséinlecht Gespréich, fir däin Asaz ze plangen. Si begleeden dech wärend der ganzer Missioun a proposéiere reegelméisseg Treffe mat anere Volontairen.

Zéck net fir ee vun de Mataarbechter vun den lokalen Antennen ze kontaktéieren, du fënns däin Uspriechpartner hei:
https://hey.snj.lu/contact-service-volontaire/.