Schengen Vibes
Dëst Joer huet am Kader vun de 40 Joer Feierlechkeete vum Schengen Accord fir d’éischt de Projet “Schengen Vibes”, stattfonnt. Fënnef europäesch(Däitschland, Frankräich, Italien, Rumänien, Griichenland) a dräi lëtzebuergesch Volontairë waren ee Mount an der Grenzregioun ënnerwee. Di éischt Etapp vum Projet war eng Serie vun Interviewe mat Zäitzeien. No enger kuerzer technescher Aféierung duerch d’ Media Factory am Mariendall, hunn d’ Volontairen Interviewen opgeholl – an der Gemeng Pärel, an der Residenz Päiperlek zu Schengen an op der Gemeng Rodemack. Ënnert den 10 Zäitzeie waren z. B. e Member vum Gemengerot Pärel, de Buergermeeschter vu Rodemack an den deemolege Buergermeeschter vu Schengen, deen 1985 den Accord mat ënnerschriwwen huet.
Deen zweeten Deel vum Projet stoung ënnert dem Motto “Musek a Grenzen” – an Zesummenaarbecht mat zwee lëtzebuergesche Kënschtler, dem Museksproduzent a Museker Sacha Hanlet, dee fir d’ Beats zoustänneg war, an dem Maz Univerze, Museker, dee fir d’ Lyrics zoustänneg war. Déi Jonk hunn zesumme mat deenen 2 Kënschtler e Lidd zum Thema “Grenzen” komponéiert a geschriwwen a sinn domadder op der “Fête de la musique” zu Schengen opgetrueden. Mat hierem Lidd “Under the Moonlight” hunn déi Jonk Europäer hier Perspektiv an hire Bezuch op de Schengener Accord ausgedréckt.
Lidd an Songtext: https://cloud.snj.lu/s/5mGiY38kgbWCW3F
mercredi 9 juillet 2025