Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Assistent fir Social Media / Kanner- & Jugendprogrammer

Beräich(er): Aarbecht am sozialen oder edukative Beräich, Kultur, Tourismus
Programm: Service volontaire national

Organisation d’accueil:

Centre Européen Schengen asbl

Centre Européen Schengen asbl

Missioun:

Adress / Land:
6, rue Robert Goebbels
L-5444 Schengen

Dauer: Individuell ofklären
Ufank: Individuell ofklären Individuell ofklären
Schluss: à convenir
Typ vun der Missioun: Individuell

Beschreiwung vun der Missioun:

D‘Centre Européen Schengen asbl gouf gegrënnt fir den Tourismus an der Regioun ronderëm Schengen an d’oppe Grenzen an Europa ze promouvéieren. Si geréiert den Europamusée, den Europe Direct Informatiounszenter, an d’Tourist-Info. D‘Associatioun offréiert Visite Guidéeën mam Thema Schenger Ofkommes, a pedagogesche Kanner- a Jugendprogrammer.

 

http://www.visitschengen.lu

Aufgaben vum Volontaire:

– Gestioun vun eisem Social Media a Content fir Jonker produzéieren
– Bei der Animatioun vu Kanner- a Jugendprogrammer hëllefen (Bastelatelier, Programmer iwwert EU an d’Schengener Ofkommes).
– Accueil vu Visiteuren am Musée oder an der Tourist-Info

Gesichte Profil:

– mindestens 18 Joer
– 3 vu 4 Sprooche sinn erwënscht (LU, DE, FR, EN)
– Keng Angscht hu mat Leit ze schwätzen
– Gutt Allgemengbildung / Interessi un der Aktualitéit

Äre Kontakt:

Martina Kneip
martina.kneip@visitschengen.lu
26665810