Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Beschreiwung

D’ONG ënnerstëtzt Projete fir nohalteg Entwécklungshëllef an de Beräicher vun der Educatioun an der berufflecher Ausbildung souwéi am sozialen, kulturellen an ökologesche Beräich. Als ONGD, déi mat engem Lycée verbonnen ass, leet A-AH vill Wäert op d’Wichtegkeet vun der Solidaritéit tëscht Mënschen a wëllt bei de Jonken net nëmmen e Bewosstsinn dofir schafen, mee och eng konkret Ëmsetzung vun den humanistesche Wäerter erreechen, déi Garante fir Solidaritéit a Fridde sinn.

Länner an deene mir aktiv sinn:

Athénée-Action Humanitaire

24, Bd Pierre Dupong L-1430 Luxembourg
Ëmweltschutz, Kooperatioun an der Entwécklung, Sozial a pädagogesch Aarbecht

Kontakt

Athenee- Action Humanitaire NGO

action_humanitaire@al.lu 44 02 49 63 71

Partager cette mission

Missiounen

A-AH organiséiert SVC-Missiounen a Südafrika. D’Aktivitéite vum Fräiwëllegen si ganz ofwiesslungsräich: Ënnerstëtzung vun den Enseignanten an engem Schoulfoyer fir Kanner vun 0 bis 6 Joer, Organisatioun a Participatioun un edukative Sortië fir Lycéesschüler, ekologesch STEAM-Atelieren, Ëmweltbildung, mental a physesch Gesondheet, Léiere vu Permakultur-Gaardenaarbecht, Holzaarbecht, Ernärungscoursen a gesond Kachen …